|
De Verwaltungsrot an d’Personal vum Office Social vum Réidener Kanton ass zudéifst betraff iwwer den vill ze fréien Doud vum Camille Gira De Camille huet d’Créatioun vun eisem Office Social massiv ënnerstëtzt a gehollef op d’Schinn ze setzen. Mir verléieren mat him e gudde Frënd, e gudde Mënsch an een, deen ëmmer en oppent Ouer hat fir déi Leit deenen et net esou gutt geet. Camille, du hues ganz grouss Spuren hannerlooss, och an eisen Häerzer. Mir wäerten dech ni vergiessen. Mir drécken senger Fra a senge Jongen an der ganzer Famill eist häerzlechst Bäileed aus.
|